• +352 26 337-820
  • admin@antosson.com

IT-Development

IT-Development

Antosson IT-Development-

– Bitt e ganz flexiblen a manner komplizéierten Workflow
– Wat Dir Är Ziler méi kloer definéiert, wat mir Iech méi séier beroden können
– Zesumme realiséiere mir Är Iddien an hëllefen Iech Äre Projet ze starten!

Mir begleeden Iech vun der Pilotstudie bis zum Ofschloss vum projet a proposéieren Iech folgende Workflow:

Pilot Studie: Definitioun vun der Basis vum projet (Iddien, Erwaardungen) mat enger ongeféierer Schätzung vun de Käschte vun Ärem projet
Audit: Audit vun Ärer IT-Struktur, Schafen vun enger benotzerdéfinéierter Virlag, Berodungsservicer
Gestioun: all Zort vun Autorisatiounen, Zertifikatiounen am Zesummenhang mat Ärem projet
Organisatioun: Organisatioun vum Workflow vun Ärem projet
Entwécklung a suivi
Testen a Kontrollen: Kontrollen an Akzeptanz vun der Aarbecht an Testen vun den Apps

Pilot Studium
Wann e neie Client eis kontaktéiert,  definéiere mir als éischt an engem perséinleche Gespréich d’Basis vum zukünftege projet, analyséieren d’Iddien an d’Erwaardungen vun eisem Client wéi och d’Machbarkeet.  Dëst erlaabt eis déi approximativ Käschte vum projet anzeschätzen.
Audit – Mock-up – Berodungsservicer : An engem Ëmfeld aus ëmmer méi menacen betreffend d’IT-Sëcherheet, d’Qualitéit vun den Daten, Corporate Governance Bedenken an den Dateschutz, mussen d’Organisatiounen méi wéi je d’Integritéit, d’Vertraulechkeet an d’Disponibilitéit vun Informatioun an vun de Basisdaten sëcherstellen. D’Aarbechtsprozesser baséieren op Informatiounssystemer déi korrekt à dispositioun gestallt,  iwwerwaacht a kontrolléiert mussen ginn. “Antosson IT-Development” kann Iech hëllefen déi Risiken ze minimiséieren, déi mat Ären internen Systemer, Geschäftsprozesser, Projeten, Applikatiounen an Daten verbonnen sin. Ier mir e projet ufänken, entwéckele mir zesummen mat eisem Client e Modell vum projet. Dëst erlaabt eis an eisem Client déi verschidde Schrëtt z’ënnerhuelen, fir ze bestëmmen wat fir eng features wichteg sinn an iwwer de Budget vun de Clienten realiséiert können ginn an wéi d’Applikatioun am beschten opgebaut kann ginn.
Mir wëssen, datt nei Projeten, nei Ideeën oft falsch sinn, well se net adequat diskutéiert goufen ier se publizéiert goufen. Iwerloost näischt dem Zoufall, weder Äre projet nach d’Käschten. E projet oder eng gutt Iddi kann schnell ausser Kontroll geroden, wann een net all facteuren kënnt an se korrekt benotze kann. Zesumme mat Iech maachen mir en Audit, mat deem Dir Äre projet an en anert Liicht setzen könnt. Wann mir wëssen wat Dir braucht an wéi Dir et wëllt an der Zukunft benotzen, kënne mir eng ongeféier Schätzung vum ganze projet ginn. Dann ass et un Iech ze definéieren wéi Dir “Antosson IT-Development” benotzen wëllt.

Custom & Web Applikatioun Entwécklung
Mir proposéieren eng konstant Entwécklungsplattform vun Ärer Ufanksidee bis zum Produktdesign- an Entwécklung. Vun einfachen Online-Applikatiounen bis hin zu kompletten Léisungen bidd “Antosson IT-Development” eng ganz Rei vun Servicer, dorënner Berodung, Entwécklung, Tester, Deployment an Maintenance. Mir hunn Erfahrung am développement vun Web-Applikatioun an enger Rei vun Technologien, fir iOS-Android, wéi Java, C # – PHP- (incl. Drupal), HTML / HTML5 an JavaScript, Silverlight. Mat fundéierten Kenntnisser an ënnerschiddleche Beräicher wéi och grouss Erfahrung an Web-Applikatiounsprojeten,  entwëckelen a liwweren eis Equipë Léisungen, mat deenen Dir verschidde Méiglechkeeten um Internet notzen könnt.

eng dynamesch Web User Interface
Kompatibilitéit mat verschiddene fréiere Browser Versiounen (Chrome, Firefox, Internet Explorer, Opera, Safari)
State-of-the-art Design

Desktop-Applikatioun Entwécklung
Notzt de Virdeel vun Desktopuwendungen, déi Sécherheet, Kontroll an Zouverlässegkeet bidden. D'”Antosson IT-Development” benotzt Technologien um leschten Stand fir emfangräich, userfrëndlech an effizient Desktop Apps ze entwéckelen, dorënner:

Ressourcenplangsystemer fir Betriber

Finanzmanagementsystemer
Gestiounssystemer fir mënschlecht Kapital
Dokumentmanagementsystemer
Corporate a perséinlech Planungssystemer
Ofrechnungsléisungen
an anerer

Mat hiren détailléierten Industriekenntnisser an technëscher Erfahrung, entwëckelen eis Equipen Programmer déi d’Komplexitéit vun Äre Geschäftsprozesser reduzéieren, Är Leeschtung verbesseren an Är Produktivitéit erhéijen. “Antosson IT-Development” baséiert op denen neitsten Technologien an Plattformen, dorënner .NET, .NET WPF, Java, SWING. Eis zertifizéiert Equipen entwerfen an entwéckelen Desktop-Applikatiounen mat:

Cross-platform Kompatibilitéit (dh Windows, Mac, Linux, etc.)
vollem Zougang zu lokaler Hardware a Ressourcen
Ofsëcherung vun der Sëcherheet

Testen a Kontrollen

All Applikatioun, projet oder programm deen vum “Antosson IT-Development” entwéckelt gëtt, gëtt mehrfach getest fir d’Qualitéit an d’Funktionalitéit vum finalen produit (Kompatibilitéit vun de Funktiounen, Layout …) ze bestëmmen. Eist Team am Controlling konzipéiert a begleet de Managementprozess fir Ziler ze definéieren, ze plangen an ze kontrolléieren an dréit esou eng gemeinsam Responsabilitéit fir déi vum client a vun “Antosson IT-Development” festgeluechten Ziler ze errechen.

Sécherheet
D’Sécherheet ass e ganz wichtegt Wuert am globalen réseau. Am Optrag vun eise Clienten kontrolléiere mir hirt gesamt Netzwierk souwéi all d’Plattformen an erklären hinnen wou a wat misst verbessert ginn. Eng 100% Sécherheet get et nach net, mais mir wëllen alleguer d’Welt esou sécher wéi méiglech maachen.
Dës Servicer si stark vun der Zäit an dem Wësse vum Client ofhängeg an de Präis kann also nëmmen no Kenntnis vum Client sengem projet ermëttelt ginn.
Op Wonsch vum Client test  “Antosson IT-Development” seng Websäit, Applikatiounen, Programmer, etc. fir potentiell Sécherheetsrisiken ze entdecken.

Estimatioun
Opgrond vun den Iddien a Viraussetzungen vun de Clienten schätzen mir en ongeféieren Betrag vun de Käschten.
Um Enn vun dëser Säit fannt Dir eng Oplëschtung vun eisen estimatiounen.  “Antosson IT-Development” garantéiert deemno komplett Transparenz vun der Präispolitik am Géigesaz zu anere Firmen.