• +352 26 337-820
  • admin@antosson.com

Iwwer ons

Iwwer ons

Antosson Group ass eng Firma, déi am Joer 2004 gegrënnt ginn ass mat hiren dräi Haaptstandbeen:

– dem Call Center, wou mir d’Uriff fir eis Clienten ugeholl hun fir sie ze entlaaschten , fir hire Büro ze verwalten an an hirem Numm ze äntweren,  fir Rendezvous ze proposéieren oder Messagen opzehuelen

Ech erënneren mech dat dëst iwwert eng Internetapplikatioun proposéiert gouf, de “virtuelle Büro”, eng première hei zu Lëtzebuerg, erklärt de Grënner selwer.

– Online Sekretariat: traitement vun  Dausenden vun Dokumenter aus verschiddenen Secteuren, sief et geschriwwen Bréiwer déi eis Clienten per Sproochdatei geschëckt hun, d’réalisatioun vun Iwwersetzungen oder encodagen
– d’Sekretariat sur place ass an de Joeren 2006-2007 entwëckelt gin. Mat dëser Form vun Sekretariat konnten mir déi verbleiwend Nischen ergänzen,  well net alles online gemaach gouf

D’Joeren 2010-2011 waren vun engem ralentissement wengs Krankheet geprägt.

2012 hun mir d’Offer vun eisen Dëngschtleeschtungen a Fro gestallt, well déi Servicer, déi gutt funktionéiert hunn, och arbechts- an zäitintensiv waren (bis zu 18h / Dag). Sou hu mir suite vun enger étude décidéiert,  verschidden servicer ze stoppen an anerer ze stäerken.

Zënter 2012 hu mir eis méi op d’Sekretariat sur place konzentréiert, wat haut ganz effizient ass.

Parallel dozou développéiert eis IT-Abteilung op Wunsch vun eise Clienten weider maassgeschneiderten Projeten.